Nieft den Therapiemethoden déi eis eenzel Kiné'en ubidden, bidde mir ënner aanerem​

Eng ausféierlech Ganganalyse mat Feedback

Mir sin déi éischt zu Lëtzebuerg déi mam HP Cosmos mat integréiertem AIRWALK schaffen. Mir kennen domadder Ganganalyse maachen, géint Widderstandsbänner laafen an och de Beweegungsmechanismus vum Goen erneit léieren (z.B. no enger OP oder engem Hiereschlag)
Duerch de System vum Airwalk kann och d'Kierpergewiicht wärend dem goen / lafen jee no Trainingszweck reduzéiert ginn.

Duerch den Asaatz vun der Beenpress kann Kraaft an de Been opgebaut ginn an zousätzlech den IST-Zoustand vun der Beenmuskulatur analyséiert ginn. 
Duerch dës Moossungen kann de Prozess vum Muskelopbau an d'Kraaft Quantitéit bzw. ob een eventuellen Defizit op engem Been virleit, genau analyséiert ginn.

Beenpress vu Schnell

Kompressiounsboots

Dës erméiglechen dem Patient eng gläichméisseg Stimulatioun vum Lymphsystem, an suergen doduerch fir eng verbessert Bluttzirkulatioun. Dëst bréngt mat sech, dass Middegkeet an de Been no engem Effort net sou laang unhält.

Cryotherapie - GameReady

Cryptherapie ass eng Kompressiounsmaschinn déi gläichzäiteg mat Äiswaasser schafft. Duerch des zwee Komponenten kënnen Schwellungen an Entzündungen bemierkbar reduzéiert ginn an Beweegungsfräiheet vun der betraffener Struktur kennt méi schnell zréck. Duerch verschidden Manchetten kënnen ënnerschiddlech Strukturen behandelt ginn.

  • Facebook
  • Instagram

©2019 by Kinésithérapie Käerjeng Zenner/Haas. Proudly created with Wix.com